top of page

Regele fir d'Seancë vun den Dedicassen

 

 

Opgepasst! Eng Mëttegpaus fir d'Auteuren ass Sonndes vun 12:30-14:00 virgesinn...

 

  • D'Seancë fir Dedicassë sinn an der aler Sportshal, wou d'Auteuren am Carré sëtzen.

 

  • D'Librairie vum Festival ass och am Carré a verkeeft d'Albumen direkt un d'Visiteuren an der Waardeschlaang.

 

  • De Kaf vun enger BD bei der Libraire vum Festival ass obligatoresch fir eng Dedicasse pro Persoun a pro Kéier an en Album vun ärem Choix ze kréien, soulaang den Auteur domat averstanen ass.

 

  • Dir kënnt och är eege BDen matbrénge fir se signéieren ze loossen, wann dir och eng BD an der Librairie kaaft.

 

  • Egal wéi en Album dir hutt (um Festival kaaft oder matbruecht), hutt Dir nëmmen d'Recht fir eng Dedicasse pro Persoun a pro Ronn an der Waardeschlaang.

 

  • D'Visiteuren an der Waardeschlaang kafen den Album zum Moment vun der Dedicasse.

 

  • Respektéiert w.e.g. d'Auteure während hirer Aarbecht.

 

  • Gedëllegt Iech w.e.g. an hutt Versteesdemech mat deenen anere Bedephilen an der Waardeschlaang.

 

  • W.e.g. d'Zäit an d'Gentillesse vun den Auteuren net ze vill strapazéieren.

 

  • D'Pausenzäiten vun den Auteure respektéieren.

 

  • Gesonde Mënscheverstand an e bësse Savoir-Vivre sinn ubruecht.

 

  • Et ass verbueden, sech seng Plaz an der Waardeschlaang ze reservéieren (z. B. mat engem Rucksak). Des Géigestänn kënne vun den Organisateuren deplacéiert ginn.

 

  • Et ka sinn, dass den Auteur e « Prioritéitesystem » huet, fir déi Leit déi virun der Mëttegstonn an der Waardeschlaang stinn. An dësem Fall :

    • Kënne maximal 10 Tickete verdeelt ginn, egal wéi vill Leit an der File stinn, an och nëmme wann d'Waardeschlaang zougemaach gëtt. Nodeems dat geschitt ass, ass se zou fir de Moien.

    • E Rucksak etc. däerf keen Ticket kréien an et gi keng Reklamatiounen ugeholl.

    • Eng Persoun kann nëmmen 1 Ticket kréien (och bei méi Auteuren).

    • Ticketen sinn just nom Retour vum Auteur aus senger Mëttegpaus gülteg. Et ass net méiglech sech domat spéider, zu egal wéi engem Moment am Nomëtteg an d'Waardeschlaang ze stellen.

    • Samschdes Owes gi keng Tickete fir Sonndes verdeelt.

 

 

D'Organisateure vum Festival soen Iech villmools Merci.


 

bottom of page