top of page

D'Bande-Dessinée Kommissioun vun der Gemeng Contern invitéiert iech op déi 22. Editioun vum Bande-Dessinée Festival, deen dëst Joer den 18. an 19. Juli 2015 stattfënnt.

 

 

Während den 2 Deeg vum Festival bleift den Duerfkär fir de Verkéier gespaart. Fir d'Visiteuren déi mam Auto kommen, ass e Parking a gratis Navettë virgesinn. Den Organisateur recommandéiert awer den ëffentlechen Transport ze benotzen. Et fiert och eng gratis Navette tëscht der Gare Oetrange-Contern an dem Festival, fir deene Leit entgéint ze kommen, déi sech léiwer mam ëffentlechen Transport, wéi mam Auto deplacéieren.

Den Entréespräis vum Festival läit bei 3€ pro Dag fir Erwuessener an den Entrée ass gratis fir Kanner ënner 12 Joer.

Während deenen 2 Deeg ass de Festival vun 10:00 bis 19:00 op.

D'Affiche vun dësem Joer ass vum
Jean-Claude Fournier realiséiert ginn.

D'Seancë fir Dedicassë vun den Auteure sinn wéi gewinnt an der aler Sportshal.

Iwwer 100 Verkafsstänn um Festival an eng Dosen Restauratiounsstänn schafen eng frëndlech Ambiance, wéi een se vu Volleksfester a Floumäert kennt. De Visiteur fënnt alles wat en interesséiert vun neien iwwer Occasiouns-BDen, original Zeechnung, Pousteren, Figuren etc. Je, alles wat iergendwéi mat der Bande-Dessinée ze dinn huet!

bottom of page